De klenge Gnom

E musikalescht Mäerchen fir Solisten, Kanner- a Jugendchéier, Kammermusikensemble

E klenge Gnom mat engem grousse Wonsch brécht op an den Zauberbësch, fir sengem onerkläerleche Verlaangeren op d’Spuer ze kommen. Zesumme mam Mënschekand Maria erlieft hien eng spannend Aventure mat ville Begéignungen – eng Rees, déi hien an d’Häerz vum Bësch féiert, wou eng grouss a fuerchtbar geféierlech Aufgab eise klenge Gnom erwaart…

Den David Ianni huet säi Jugendstéck kompositoresch iwwerschafft an d’Iwwersetzerin Josette Feinen gefrot, de Libretto ze schreiwen. Sou entstoung ee wonnerbart a poetescht Stéck iwwert Léift a Frëndschaft, awer och iwwer Mutt an Daperkeet, dat net nëmmen déi Kanner beréiert, déi ënnert der Leedung vum Martin Folz an der Regie vum Bob Flammang sangen, mä och d’Spectateuren grouss a kleng. Well d’Kanner wëssen: Frëndschaft kennt keng Grenzen.

Uropféierung: Centre des Arts Pluriels, Ettelbruck (L), Samsden, 19.01.2013, 17:00 a Sonnden, 20.01.2013, 16:00

  • David Ianni | Musek a Geschicht
  • Martin Folz | Musikalesch Leedung
  • Bob Flammang | Regie
  • Hubert Pausinger | Libretto
  • Josette Feinen | Iwwersetzung an Adaptatioun
  • Sylvie Michels | Flütt
  • Sébastien Duguet | Klarinett
  • Geneviève Conter | Harf
  • David Ianni | Piano
  • Raju Vidali | Cello
  • Les Enfants qui chantent
  • Les Jeunes qui chantent
  • Chor Aktuell

MEDIA